| Sichen Käfferen an Frisen :: Dier gitt net eentz? |
| Autor |
Nachricht |
.:[B@n]:. Site Admin
Anmeldungsdatum: 02.08.2007 Beiträge: 902 Wohnort: Jonglenster

|
Verfasst am: 08 Feb 2009 15:12 Titel: Osweiler - Vue |
|
|
Sorry mee daat muss ech lo lass ginn. WAAT ASS DAAT DANN FIR EEN SCHEIß !!
Hei am klengen Letzebuergsch een "Premium Member"-Only Cache leen. An eisem klengen Land huet net jiddfereen een PM-Account (ech inkl.). Ech ging niemols hei sou een Cache leen, well ech well dass jiddereen main Cache kann fannen. Sou daat denken ech dazou an färdeg ! _________________ .:[B@n]:.
LGT-Forum Admin
www.geocache.lu |
|
| Nach oben |
|
 |
Team BO Geoofficer

Anmeldungsdatum: 02.10.2008 Beiträge: 52 Wohnort: Beetebuerg

|
Verfasst am: 08 Feb 2009 19:54 Titel: |
|
|
Als éicht: Ech deelen deng Meenung woubäi ech deen Typus vun Cachen sws kompletten Quatsch fannen well een net jhidferengem et erméiglecht den Cache ze loggen. Groundspeak widdersprecht sech matt deem Typus e besschen selwer, well ech perséinlech kruut schon 2x en (bonus-)Cache verweigert well soit disant net jhidfereen konnt deen Cache hiewen.
Mee: Et ass nunmol eng Funktioun déi Groundspeak ubidd an domadder ass et wuel och legitim fier een ze leen. Schliesslech sin och aaner Cachen selektiv waat den Publikum vun Finderen ugeet (Bsp: Whereigo). An och aaner Typen fannen ech perséinlech "nët immens". (Bsp: Standard-Micro asw) Also muss de wuel jhidferengem selwer iwwerloossen op en daat mecht oder nët.
Matt beschten Gréiss
Ben _________________ --- === /// OUTDOOR SPORTS SOCIETY MINETT \\\ === ---
(Loll, Guli, Pascal, Jeff, Ben)
 |
|
| Nach oben |
|
 |
Uneade Geomaster
Anmeldungsdatum: 19.11.2008 Beiträge: 118

|
Verfasst am: 09 Feb 2009 12:29 Titel: |
|
|
Leen main Paefferkaer och mol bai.
Ech geing och keen GC nemmen fiir premium accountler leen, well daat jo schon mol dei potentiell finder massiv eroofsetzt.
Ganz schlemm fannen ech et net wann een daat mecht, mee de Senn gesin ech net sou ganz an.
Gin awer dem Team Bo recht, well och bei wherigoen brauch een besseli speziellt equipement fiir dei ze maan an daat kascht mei deier wei een account bei geocaching.com.
Mee wei gesoot ech fannen et flott wann net premium accountler dei selwecht cachen kennen fannen wei Leit mat engem Account _________________
 |
|
| Nach oben |
|
 |
snoopy-doopy Geomaster

Anmeldungsdatum: 18.04.2008 Beiträge: 122

|
Verfasst am: 09 Feb 2009 15:41 Titel: |
|
|
As net mei Premium !!!! _________________
Two things are infinite: the universe and human stupidity; and I'm not sure about the universe. (Albert Einstein) |
|
| Nach oben |
|
 |
Fléikëscht Geomaster

Anmeldungsdatum: 02.08.2007 Beiträge: 642 Wohnort: Latzbuerg

|
Verfasst am: 09 Feb 2009 17:19 Titel: |
|
|
Vun Ufang un hunn ech déi Funktioun Quatsch fonnt a si huet just een Ziel : D'Leit derzou ze bréngen, ze bezuelen!
Entweder si bidden et weider gratis un, da solle se dee Schissi do eraushuelen, et kënne jo just Ufänger sinn, déi dorobber erafalen. Doduerch, dass ech e puer Dollar am Joer bezuelen, ginn ech kee "gudde" Cacher, wann ech virdru sollt e "schlechte" gewiecht sinn.
Oder, si sollen hiert richtegt Gesiicht weisen, an et just nach 1 bis 3 Méint gratis maachen. Da mécht déi Funktioun vläicht nees Sënn, da kann ee sech Ufänger, déi an deem Fall d'Eintagsfliegen sinn, vu senge Cachen eweghalen, wann een dat wëll. Dat traue se sech awer sécher net, well da Siten ewéi Opencaching en neien Opschwong erliewe géifen.
Ergo : Eweg mat deem Kabes, dee just fir béist Blutt suergt, zemools an engem klenge Land ewéi eisem. Ech si jo bal iwwerzeegt, dass dat hei vum Owner (Ownerin?) net esou gemengt war, well et esou kléngt ewéi wann een dann e bessere Cache hätt oder wat weess ech...
Greets,
Thierry _________________ Ouni Diskussioun komme mer jo net weider!!! |
|
| Nach oben |
|
 |
|
|