LGT Luxembourg Geocacher Talk

LGT Luxembourg Geocacher Talk

Geocacher-Forum fir Lëtzebuerg

 FAQFAQ   SuchenSuchen   MitgliederlisteMitgliederliste   BenutzergruppenBenutzergruppen   RegistrierenRegistrieren 
 ProfilProfil   Einloggen, um private Nachrichten zu lesenEinloggen, um private Nachrichten zu lesen   LoginLogin 

mein Coin.....


 
Neues Thema eröffnen   Neue Antwort erstellen   printer-friendly view    LGT Luxembourg Geocacher Talk Foren-Übersicht -> Trackables
Ech sichen... :: Duke Geocoins  
Autor Nachricht
kleinquacki
Geocacher


Anmeldungsdatum: 30.12.2008
Beiträge: 17

blank.gif
BeitragVerfasst am: 04 Aug 2009 11:57    Titel: mein Coin..... Antworten mit Zitat

Mein Coin hat et vun Deifferdeng gleich an Australien gepackt, do e bessi ronderemgereest an dun am Chile gelant. Elo ass e verschwonnen..... muss eierlech soen, ech sin e bessi traureg.

kleinquacki
Nach oben
Fléikëscht
Geomaster


Anmeldungsdatum: 02.08.2007
Beiträge: 642
Wohnort: Latzbuerg

luxembourg.gif
BeitragVerfasst am: 04 Aug 2009 16:14    Titel: Antworten mit Zitat

Tjo, wat soll ech do soen... D'Myriam huet nach gëschter Owend all eis Trackables on tour gechecked, do sinn der och e puer dobäi, wou mer dat Schlëmmst fäerten.

Ech schécken einfach Neier fort, mee, et gesäit schon esou aus, wéi wann ëmmer méi geklaut géif ginn, respektiv vun Newcomer matgeholl gëtt, déi keng Ahnung hunn... Sad

Greets,

Thierry

_________________
Ouni Diskussioun komme mer jo net weider!!!
Nach oben
kleinquacki
Geocacher


Anmeldungsdatum: 30.12.2008
Beiträge: 17

blank.gif
BeitragVerfasst am: 04 Aug 2009 20:37    Titel: Antworten mit Zitat

Genau aus dem Grond hun ech mer 2 Superjhempen gestallt, een deen op Reess geet an een deen schéin heiheem bleiwt.

op wat fir engem Site keefs du dann deng Trackables-plaketten???

kleinquacki
Nach oben
Fléikëscht
Geomaster


Anmeldungsdatum: 02.08.2007
Beiträge: 642
Wohnort: Latzbuerg

luxembourg.gif
BeitragVerfasst am: 04 Aug 2009 22:58    Titel: Antworten mit Zitat

O mei, du mengs secher Travel Bugs, där hu mier schon éiweg keng méi kaaft... Ech hat se sécherlech vum Geocoinshop.de. Et ginn och ewell en etlech Varianten dovun, Travel Slugs, Travel Express oder esou guer Luxembourg-Coins! Smile

Meng Léiwt waren an der d'Lescht Geocoins an déi kafen ech do, wou et schéiner ginn, meeschtens Geocoinshop.de a Coinsandpins. Allerdéngs sinn ech do ukomm, wou ech komplett Sets kafen an et Iwerhand hëllt. Als Suchtmënsch maachen ech entweder monter virun an hunn no der Kris keen Apel fir den Duuscht méi oder ech hale komplett op, wier wuel dat Gescheitst. Ech schwätzen hei vu mier, well d'Myriam der wahrscheinlech net vill hätt, wann ech net géing bestellen.

Souwisou ass dat Ganzt zimlech Geldmaacherei, an zwar vu Groundspeak aus. Déi froen e Verméigen fir déi Dénger ze verwalten. Coins, déi doheem erëmleien, bräichten jo u sech keng tracking number, a wa se keng hätten, wieren et Mënzen. Ech hätt a mengem Liewen net dru geduecht, Mënzen ze sammelen, ech hunn emol keen Euro aus dem Vatikan a wann, da géing ech en am Restaurant als Drénkgeld ginn!

Eng Coin déi reest, déi viru kënnt, déi d'Cacher erfreet a flot Logge kritt ass natierlech och eng schéi Saach a genee sou schéin ass et, flott Trackables ze fannen an hinnen weider ze hëllefen.

Greets,

Thierry

_________________
Ouni Diskussioun komme mer jo net weider!!!
Nach oben
kleinquacki
Geocacher


Anmeldungsdatum: 30.12.2008
Beiträge: 17

blank.gif
BeitragVerfasst am: 05 Aug 2009 21:13    Titel: Antworten mit Zitat

Du hues mech firwertzeg gemach:

mee wou gin ech elo fir d'eischt kucken??

bei geocoinshop.de oder bei Geocaching fir deng Coinen dei an der Welt ronderemreesen ze bewonneren???? Wink Very Happy
Nach oben
kleinquacki
Geocacher


Anmeldungsdatum: 30.12.2008
Beiträge: 17

blank.gif
BeitragVerfasst am: 05 Aug 2009 21:17    Titel: Antworten mit Zitat

kleinquacki hat folgendes geschrieben:
Du hues mech firwertzeg gemach:

mee wou gin ech elo fir d'eischt kucken??

bei geocoinshop.de oder bei Geocaching fir deng Coinen dei an der Welt ronderemreesen ze bewonneren???? Wink Very Happy


EDIT: ech hat dat 2. gemach an mer ass de Mond opgestoe bliwen, eng ganz ganz gaaaaaaaaaaaaaaaaaaanz kleng Sammlung. Cool Cool
Nach oben
Fléikëscht
Geomaster


Anmeldungsdatum: 02.08.2007
Beiträge: 642
Wohnort: Latzbuerg

luxembourg.gif
BeitragVerfasst am: 06 Aug 2009 7:30    Titel: Antworten mit Zitat

[quote="kleinquacki"]
kleinquacki hat folgendes geschrieben:


EDIT: ech hat dat 2. gemach an mer ass de Mond opgestoe bliwen, eng ganz ganz gaaaaaaaaaaaaaaaaaaanz kleng Sammlung. Cool Cool



Mea culpa, ech geluewen awer Besserung...

Iergendwann verkafen ech déi all fir den xy-fache Präis, ewéi all meng Sammlungen, déi e Verméige kascht hunn a kee Sou wert sinn! Wink

Greets,

Thierry

_________________
Ouni Diskussioun komme mer jo net weider!!!
Nach oben
Beiträge der letzten Zeit anzeigen:   
Neues Thema eröffnen   Neue Antwort erstellen   printer-friendly view    LGT Luxembourg Geocacher Talk Foren-Übersicht -> Trackables Alle Zeiten sind GMT + 1 Stunde
Seite 1 von 1

 
Du kannst keine Beiträge in dieses Forum schreiben.
Du kannst auf Beiträge in diesem Forum nicht antworten.
Du kannst deine Beiträge in diesem Forum nicht bearbeiten.
Du kannst deine Beiträge in diesem Forum nicht löschen.
Du kannst an Umfragen in diesem Forum nicht mitmachen.
Du kannst Dateien in diesem Forum nicht posten
Du kannst Dateien in diesem Forum nicht herunterladen

Ähnliche Beiträge
Thema Autor Forum Antworten Verfasst am
Keine neuen Beiträge Malle Coin Maacher Trackables 0 01 Apr 2008 17:30 Letzten Beitrag anzeigen
Keine neuen Beiträge Suppsy Turtle Coin tot .:[B@n]:. Trackables 4 03 Jun 2008 17:12 Letzten Beitrag anzeigen
Keine neuen Beiträge Eng nei Coin fir Lëtzebuerg? .:[B@n]:. Trackables 68 30 Jul 2008 20:37 Letzten Beitrag anzeigen
Keine neuen Beiträge Wou as mein TB ? :( pitchul Trackables 10 18 Mai 2009 15:27 Letzten Beitrag anzeigen