| Geocaching Shop :: Slackline |
| Autor |
Nachricht |
rouegelo Geoofficer

Anmeldungsdatum: 16.08.2007 Beiträge: 54 Wohnort: Monnerech

|
Verfasst am: 27 März 2010 6:44 Titel: Garmin Topo Benelux |
|
|
Hello,
Huet zoufälleg een déi nei Garmin Topo Benelux?
Géif mech interesséieren op den Lëtzebuergeschen Deel besser wéi op der Topo Belux as...
Bis dann,
Carlo |
|
| Nach oben |
|
 |
geo3eck Geocacher
Anmeldungsdatum: 06.11.2009 Beiträge: 5

|
Verfasst am: 11 Apr 2010 0:36 Titel: |
|
|
| esou wait ech daat gesinn hun an kann beuertdeelen ass den letzebuerger deel d'selwegt (gudd/schlecht) |
|
| Nach oben |
|
 |
Geo_Orca Geocacher
Anmeldungsdatum: 05.10.2010 Beiträge: 11

|
Verfasst am: 10 Okt 2010 20:08 Titel: |
|
|
Salut,
Ech wollt mer en Dakota 20 kaafen fir 299 Euro.
Wei geseit et hei mat denen Standart Kaarten aus ?
Sin dei ze gebrauchen oder geseit en dorobber just Autobunnen ?
Oder besser en Oregon 450 fir 375 Euro.
Och just Standart Kaarten.
Gin et bei denen 2 Standartkaarten ënnerscheeder oder ass et zweemol dat selwecht.
Ech sin den Moment amgaang rauszefannen, dass en gutt Gerät mat brauchbaren Kaarten automatesch s**deier gëtt  |
|
| Nach oben |
|
 |
Garfield1970 Big Cacher
Anmeldungsdatum: 02.05.2010 Beiträge: 23 Wohnort: Bascharage

|
Verfasst am: 11 Okt 2010 15:36 Titel: Meng 10 cent |
|
|
Also , ech fannen dei Topo Kaarten vun Garmin grotteschlecht .....
Sinn eierlech frouh dat ech d'Meiglechkeet haat mer se unzekucken ouni Geld auszeginn , soss wier ech lo nawell wei d'Englaenner soen "Not Amused"
E puer Beispiller :
Findel , Memory serie - Dei Weer doo am Besch feelen an den Garmin Topo greisstendeels Um map.geoportail.lu oder den Openstreetmaps sinn se weitaus mei detailleiert )
Diddeleng , d'Geigend em de Sender bis zur Grenz - och hei feelen vill Weer
Ech hun e flotten site fonnt , deen mer direkt aus Openstreetmaps eraus Kaarten vun deenen Geigenden genereiert dei ech gaeren haett , an dat direkt am Garmin format . A well se "Opensource" sinn , ouni Käschten Lizenz an esou weider . Sin dat grad un Testen , wann een resseirt ass , gin ech gaeren d'Infoen weider .
Op jidden Fall sinn :
- Dei 2 Geigenden vun uewen vill mei detailleiert
- D'OSM Kaarten "Routable" , et kann een sech also och guideiren loosen
- D'Kaarten Flexibel , well een sech genau dei Kachelen eraussicht dei een gaeren haet
Si gin online um site genereiert an et kritt een dann en Download link gemailt eng wierklech flott Saach
Negativ ( Kann jo net alles super sinn ) Et sinn keng richteg topo Kaarten , mee eischt Wanderkaarten . D' Heichtelinien sicht een also zimlech vergebens ... Mee fier am normalen Terrain ze cachen steiert dat mech net
De Link hun ech lo hei op der Aarbecht leider net derbai , kucken mol doheem , awer bei Interesse kann ech en da posten
ciao,
Claude _________________
 |
|
| Nach oben |
|
 |
Garfield1970 Big Cacher
Anmeldungsdatum: 02.05.2010 Beiträge: 23 Wohnort: Bascharage

|
Verfasst am: 11 Okt 2010 15:39 Titel: |
|
|
Djeft , woust dach dat ech eppes vergiess hätt , an alt rem vermessen ech den Edit )
D' Basemaps sin fier ze cachen net wierklech ze gebrauchen , et sinn wierklech just "Major Roads of Europe" , d.h. Autobunnen an Haaptstroossen . Klenges an Weer duerch d' Botanik si guer keng drop
ciao an sorry fier d'DuebelPost ,
Claude _________________
 |
|
| Nach oben |
|
 |
Geo_Orca Geocacher
Anmeldungsdatum: 05.10.2010 Beiträge: 11

|
Verfasst am: 11 Okt 2010 16:18 Titel: |
|
|
Salut,
merci fir d'Äntwert.
Gin et keng Meiglechkeeten fir sech dei Kaarten vun map.geoportail.lu op den GPS ze setzen ?
Wahrscheinlech nik.
Dei Kaarten vum 400t bzw. 450t sollen jo mei detailleiert sin ?
Wei ass et mat denen ?
Tom |
|
| Nach oben |
|
 |
.:[B@n]:. Site Admin
Anmeldungsdatum: 02.08.2007 Beiträge: 902 Wohnort: Jonglenster

|
Verfasst am: 11 Okt 2010 16:52 Titel: |
|
|
Et gett jo och nach d'OpenStreetMap.
http://www.openstreetmap.org/
Letzebuerg ass do entretemps relativ gutt kartographeiert. _________________ .:[B@n]:.
LGT-Forum Admin
www.geocache.lu |
|
| Nach oben |
|
 |
Greyghost72 Geocacher

Anmeldungsdatum: 02.10.2010 Beiträge: 16

|
Verfasst am: 11 Okt 2010 17:04 Titel: Re: Meng 10 cent |
|
|
| Garfield1970 hat folgendes geschrieben: | Also , ech fannen dei Topo Kaarten vun Garmin grotteschlecht .....
Um map.geoportail.lu oder den Openstreetmaps sinn se weitaus mei detailleiert
Ech hun e flotten site fonnt , deen mer direkt aus Openstreetmaps eraus Kaarten vun deenen Geigenden genereiert dei ech gaeren haett , an dat direkt am Garmin format . A well se "Opensource" sinn , ouni Käschten Lizenz an esou weider . Sin dat grad un Testen , wann een resseirt ass , gin ech gaeren d'Infoen weider .
Si gin online um site genereiert an et kritt een dann en Download link gemailt eng wierklech flott Saach
Negativ ( Kann jo net alles super sinn ) Et sinn keng richteg topo Kaarten , mee eischt Wanderkaarten . D' Heichtelinien sicht een also zimlech vergebens ... Mee fier am normalen Terrain ze cachen steiert dat mech net
De Link hun ech lo hei op der Aarbecht leider net derbai , kucken mol doheem , awer bei Interesse kann ech en da posten
ciao,
Claude |
Cool....du kanns vun mir aus  |
|
| Nach oben |
|
 |
Garfield1970 Big Cacher
Anmeldungsdatum: 02.05.2010 Beiträge: 23 Wohnort: Bascharage

|
Verfasst am: 11 Okt 2010 21:39 Titel: Openstreetmaps am Garmin Format , wei versprach |
|
|
Also,
Ech hoffen dass et ok ass Linken hei ze posten , ass naischt illegales also misst et jo
Et geet een op : http://garmin.na1400.info/routable.php
Do kann een dann entweder e Land uewen an den Dropboxen uwielen , oder et aktiveiert een d'Checkbox fier "manual tile selection" an clickt duerno all dei Kachelen dei een well ( Letzebuerg mat iwerall enger niewendrun hun ech momentan laafen )
Duerno lenks seng Email Address aginn ( Daat Feld taucht reischt op wann een seng Selektioun gemeet huet ) an de Knaepchen "Build my map" drecken ....
Dann get d'Map an d' Warteschlleif gesaat, automatesch genereiert an et kritt een en Download link gescheckt ( geht meeschtens ganz fechs ) , et huet een dann 42 Stonnen Zait fier den Download , duerno gin d'Fichier'en rem geloescht .
Et huet een d' Wiel fier en Mapsource installer oder direkt eng GMAPSUPP.IMG , dat ass iech iwwerloos , hun beides probeiert , klappt beides tadelous mat mengem Etrex Vista HCX
Wann een Problemer dermatt huet , bei mier mällen, mee et misst am Fong jiddereen eens ginn
Ciao,
Claude
P.S. Net iwwerdreiwen mat der Auswiel , dee Server huet begrenzten Resourcen  _________________
 |
|
| Nach oben |
|
 |
baelrati Geomaster
Anmeldungsdatum: 11.08.2007 Beiträge: 148 Wohnort: Hostert

|
Verfasst am: 12 Okt 2010 9:03 Titel: |
|
|
Naja, d'Schwieregkeet matt den Openstreetmap (OSM) Kaarten ass datt se net iwwerall dei selwescht Qualiteit hun ... et hängt an eischter Line dervun oof wou dei Leit dei drun schaffen aktiv sin. Waat ech bis elo gesinn hun vun Letzebuerg ass gudd, mee et soll een sech bewosst sin datt et och Plaatzen kann gin wou quasi nach alles anzedroen ass. Mee do kann jo jidfereen eppes derzou beidroen
D'Geocacherautobunn bis bei den Cache kann een aawer ewegloosen
En aaneren Site mat Kaarten fier dei mam MTB ennerwee sin ass http://openmtbmap.org , d'Daten kommen aus der OSM Datenbank. Falls Infos do sin, dann gin och Infos iwwert d'Weeer matt angebaut (Steigungen, Schwieregkeet fier ze fueren, etc).
Jo, an et gett nach d'Meiglechkeet sech Daten aus der DB ze downloaden an sech d'Kaarten selwer ze bauen. |
|
| Nach oben |
|
 |
Eifel-Yves Big Cacher

Anmeldungsdatum: 13.01.2009 Beiträge: 29 Wohnort: Greverath

|
Verfasst am: 12 Okt 2010 9:54 Titel: |
|
|
Déi sougenannten Freizeitkarten vum 400t sin guer net esou schlecht. Et sin vill Wéer drop, och Héichtelinnen asw. Den Nodeel: sie gin net aktualiséiert. Fir mech perséinlech geet dess gratis Kaart duer fir ze cachen, ech greifen awer och gären op eng erausgedreckten Topokaart zereck fir mat op den Tour (map.geoportail.lu) _________________
 |
|
| Nach oben |
|
 |
Garfield1970 Big Cacher
Anmeldungsdatum: 02.05.2010 Beiträge: 23 Wohnort: Bascharage

|
Verfasst am: 12 Okt 2010 11:39 Titel: |
|
|
Dat mam aktualiseiren ass fier mech de Riesen-Vierdeel vun den OpenStreetmaps ... Deen site do mecht reigelmeisseg Updaten vun senger lokaler Copie vun den Kaarten , sou daat nie wierklech aalt Gemechs do lait
An en plus , wann een Loscht an Zait huet kann een jo sain Deel zu den Openstreetmaps baidroen an Aennerungen respektif Additiounen eraginn .....
map.geoportail.lu notzen ech haaptsaechlech fier mer Ausschnetter op Pabeier matzehuelen wann et kniwweleg get , oder bei der Planung doheem fier ze kucken waat/wou et offiziell Weer get . Prinzipiell glaichen ech dei mat den OSM Kaarten oof , an muss soen dat dei an menger Erfahrung zimlech komplett sinn
Claude _________________
 |
|
| Nach oben |
|
 |
pa79 Geomaster

Anmeldungsdatum: 16.05.2008 Beiträge: 76

|
Verfasst am: 12 Okt 2010 15:31 Titel: |
|
|
map.geoportail.lu hun ech mol nach net kannt. Net schlecht. Hir Satellitephotoen sin och méi aktuel, wéi di vu Google. Mee gëtt ët do eigentlech zur Kaart eng Legende? Ech gesin do heiansdo sou rout oder hellmoof Fiëdem laafen a weess nët op dat lo soll Kanalisatioun oder Elektresch oder wat och ëmmer soll sin. Sou eng Linn leeft mer zum Haus fir eran a kënnt rem hannen eraus an ech kommen net drop, wat dat kinnt sin. _________________
 |
|
| Nach oben |
|
 |
|
|