| Cachen am Westen :: Moin Moin |
| Autor |
Nachricht |
ZeFra Geocacher

Anmeldungsdatum: 27.05.2009 Beiträge: 6 Wohnort: Noerdange

|
Verfasst am: 15 Apr 2010 16:02 Titel: Salut a Bonjour |
|
|
Majo, da well och ech mech emol hei virstellen.
Ech wunnen zenter 6 Joer zu Näerden, si bestued an hunn 2 Kanner (2 a 4 Joer al). Zum Geocaching sinn ech duerch e Kolleg op Facebook komm. Hien huet mech virwetzeg gemeet. Doropshinn hunn ech e bessi um Internet gestöbert fir ze kucken wat dat mat deem Geocachen do op sech huet. Doduerch sinn ech op d'Buch vum Bernard Hoecker (Aufzeichnungen eines Schnitzeljägers: Mit Geocaching zurück zur Natur) gestouss. Dat huet sech leschtech unhéieren an ech hunn et an zwee Deeg duerchgelies. D'Ausrüstung war séier besuergt, an dunn blouf et e Joer laang dobäi. Et huet einfach un der Zäit gefehlt
Mäin éischte Cache hunn ech an engem Grupp am Hierscht 2009 gehuewen. Och wann ech do nemmen dekorativt Bäiwierk war (et well een d'Kanner jo virloossen). Esoubal d'Wieder dunn dest Joer besser war hunn ech mäin éischten eegene Cache fonnt (och wann et éischter den Hond war deen e gewittert huet) . Do stinn ech haut.
Et mecht ower Spaass, an ech well derbäi bleiwen. Ech bezeechne mech éischter als Geleenheetscacher a géif mech iwwert Kontakter hei aus der Géigend fréen fir vläicht deen een oder anere Cache zesummen ze hiewen.
Also dann, c u in the woods  |
|
| Nach oben |
|
 |
Emma vom Blutacker Big Cacher
Anmeldungsdatum: 30.12.2007 Beiträge: 49 Wohnort: Hostert/Rambrouch

|
Verfasst am: 15 Apr 2010 21:02 Titel: |
|
|
... ma dann Wëllkomm beim Cachen an am Forum ma mir wunnen dann mol net sou wait vun Iech ewesch kanns Dech jo mol mellen wann's de op den Tour gees vlaicht kenne mer dann mol zesummen goen Falls de Froen hues - och iwert loggen vun den Trackables dann mell Dech - mir hellefen gär weider (ärt ee verluer geet )
Bis dann emol am Bësch Team Emma vom Blutacker |
|
| Nach oben |
|
 |
Doublebigjim Geocacher
Anmeldungsdatum: 30.01.2010 Beiträge: 12 Wohnort: Fentange

|
Verfasst am: 22 Apr 2010 22:25 Titel: |
|
|
Welcome hei am Forum an in the woods or on the cacher roads Comme quoi Facebook ass net emmer schlecht hehe, vir gudd iddien ze gin.
Vill Spass for all your future cache hunts and loggings, an wee wees et leeft een sech vlait eng Keier beim cachen iwwert den Wee....
See ya around
Doublebigjim |
|
| Nach oben |
|
 |
|
|