LGT Luxembourg Geocacher Talk

LGT Luxembourg Geocacher Talk

Geocacher-Forum fir Lëtzebuerg

 FAQFAQ   SuchenSuchen   MitgliederlisteMitgliederliste   BenutzergruppenBenutzergruppen   RegistrierenRegistrieren 
 ProfilProfil   Einloggen, um private Nachrichten zu lesenEinloggen, um private Nachrichten zu lesen   LoginLogin 

GPS oder Handy + GPS ?

Gehe zu Seite 1, 2  Weiter
 
Neues Thema eröffnen   Neue Antwort erstellen   printer-friendly view    LGT Luxembourg Geocacher Talk Foren-Übersicht -> Ausrüstung, Marktplatz und alles zum Geld ausgeben
Slackline :: Alternative zu c:geo?  
Autor Nachricht
arturo45
Big Cacher


Anmeldungsdatum: 13.08.2007
Beiträge: 26
Wohnort: Biwisch

BeitragVerfasst am: 16 Aug 2010 10:02    Titel: GPS oder Handy + GPS ? Antworten mit Zitat

We kann mer do eng Empfehlung ginn ?

Ass et besser e Standalone GPS ze kaafen oder en Handy mat GPS Funktioun ( resp. e GPS mat Handy Funktioun) ?

Den Handy brauch ech nemmen fir ze telefoneieren ( Kaffi kachen braucht en net )

Mein ale Garmin (merci René) leescht mer nach emmer gudd Dingschter me en ass heinsdo empfangsschwach a braucht oft 5 Minuten bis en e puer Satelliten fonnt huet

Artie
Nach oben
Fléikëscht
Geomaster


Anmeldungsdatum: 02.08.2007
Beiträge: 642
Wohnort: Latzbuerg

luxembourg.gif
BeitragVerfasst am: 19 Aug 2010 22:11    Titel: Antworten mit Zitat

Salut Artie!

Merdum, mier sollten dach grillen...

Du frees dee falschen hei, ech sinn en alen Technik-Bop a sti just op mäi Sténgzäit GPS. Dat ass en ale GPSMap 60CSx an nach ëmmer dat bescht wat gëtt. Richteg, deen huet just en "x* méi ewéi däin, mee dee steet awer fir d'Sirf-III Antenn, besseren Empfang a méi präzis geet net. Et gëtt elo e GPSMap 62st, dat ass déi nei multimedial Versioun vun deem Oldtimer. Allerdéngs soll dee laut Test net méi esou gutt verschafft sinn, manner Empfang hunn a vill méi dier ass en och. Wa mäin muer vréckt, ginn ech mer en neie 60CSx sichen!

Vun iPhone halen ech jo guer näischt, Kaffi maachen ech mat der Kaffismaschinn. Mat "iPhone" mengen ech all dee multimediale Kommunikatiouns-Schrott, deen eis déi leschte Fräiheet hëllt an eis och am Bësch nach online zitt. Dat ass a menger Terminologie ewéi de Frigidair bei deenen nach méi Alen. Ech sti just op bëlleg Klapphandien, mat deenen ee bei Bedarf telefonéieren an en SMS schécke kann. Allerdéngs sollen et ewell Cache ginn, bei deenen een am Bësch op der Google-Well reide muss, pfui! Do gehéiert e speziellen Icon derbäi, das mer déi direkt op d'Ignore-List setze kënnen.

Allerdéngs huet mäin CSx heiansdo och komesch Empfangsproblemer, wou ech mer nach ëmmer net sécher sinn, ob et u mengem Gerät läit oder un der jeeweilger Plaz an de Satelitte-Positiounen. Dat geschitt eigentlech just beim neien Aschalten, da peegelt e sech bei enger Präzisioun vu ronn 45 Meter an, ouni dat nennenswert ze verbesseren. Dat kann 30 Sekonnen daueren oder och emol eng hallef Stonn, op eemol steigt et dann op circa 20 Meter a kuerz duerno op normal Werter vu 5 bis 9 Meter, deemno, wou ech grad sinn. Frësch starten hëlleft näischt an deem Fall. Dat hat ech soss net (esou oft) an et kann uerg nerven, wann den Empfang sech net innerhalb Minutte bessert, da sicht ee guer näischt esou laang. Kennt een dee Phänomen?

Hat ech scho gesot, dass Kombigeräter jo eigentlech ëmmer Scheissendrecken sinn? Et ass dach wouer, den normalen Handy nervt schon, wann s de eng SMS tipps an et rifft een un. Da stell der emol vir, du huess däin ee-Foun, wëlls de cache sichen, gläichzäiteg eng Foto maachen, da kënnt eng SMS eran an et rifft och nach een un! Dann ass et mam Multitasking awer och bei de Fraë séier eriwer! An elo hunn ech nach net emol vum fall geschwat, wou s de och nach eng E-Mail schreiwe wëlls an eppes guggele muss...

Solle mer dann nach grillen? Wou ass eise Scheewi?

Thierry

_________________
Ouni Diskussioun komme mer jo net weider!!!
Nach oben
arturo45
Big Cacher


Anmeldungsdatum: 13.08.2007
Beiträge: 26
Wohnort: Biwisch

BeitragVerfasst am: 20 Aug 2010 10:24    Titel: Antworten mit Zitat

Salut Thierry

Merci fir des Infoen . Bei mengem Handy mecht den Akku esou lues schlapp an ech hun do un en Ersatz geduecht. Ech waert mer dann awer hechstwahrscheinlech en 30 Euro Handy kaafen well ech deen esouwiesou nemmen an der Vakanz brauch wann ech an Italien sinn ( mer hun do iwregens e flotten Cache gemeet ....
GCKKJZ)

Wat den GPS ugeet , do haat ech elo de komesche Phenomen datt en dauernd eng aaner Platz ugewisen : e sot de Cache waer 20 m an enger Richtung , kurz drop huet en 10 m an eng aaner richtung gewisen . Ech konnt et mer just erklaeren , datt mer no bei enger Eisenbunnsstreck waren . Vleicht huet d´Oberleitung den Empfang gesteiert ??

Grillen kenne mer och nach am September . Avis aux Amateurs .... ech sin dobei ....

Bis dann

Artie
Very Happy
Nach oben
Fléikëscht
Geomaster


Anmeldungsdatum: 02.08.2007
Beiträge: 642
Wohnort: Latzbuerg

luxembourg.gif
BeitragVerfasst am: 20 Aug 2010 11:09    Titel: Antworten mit Zitat

Hm, u sech sollen dach keng Cachen bei Eisebunnslinne leien? A sou, et war an Italien, jo dann...

Neen, serieux, géi mol ënner eng Hochspannung, do gëss de denges Caches net méi glécklech, do spréngt dat hin an hier ewéi et nëmme wëll. Mier haten do a Germanien esou e schwierege Waypoint vun engem Multi, de Bësch war op 30 Meter op d'Kopp gedréit gi scho virun eis. Ech hu mech einfach drugehal a sinn dem GPS ëmmer nogaang, iergendwann sinn ech iwer eppes getrollt, dat war dunn de Waypoint!

OK, mier checken dat emol mat deem Grillen, och am September si schon Samsdeger reverséiert.

Thierry

_________________
Ouni Diskussioun komme mer jo net weider!!!
Nach oben
rouegelo
Geoofficer


Anmeldungsdatum: 16.08.2007
Beiträge: 54
Wohnort: Monnerech

luxembourg.gif
BeitragVerfasst am: 22 Aug 2010 7:21    Titel: Antworten mit Zitat

Fléikëscht hat folgendes geschrieben:
Allerdéngs huet mäin CSx heiansdo och komesch Empfangsproblemer, wou ech mer nach ëmmer net sécher sinn, ob et u mengem Gerät läit oder un der jeeweilger Plaz an de Satelitte-Positiounen. Dat geschitt eigentlech just beim neien Aschalten, da peegelt e sech bei enger Präzisioun vu ronn 45 Meter an, ouni dat nennenswert ze verbesseren. Dat kann 30 Sekonnen daueren oder och emol eng hallef Stonn, op eemol steigt et dann op circa 20 Meter a kuerz duerno op normal Werter vu 5 bis 9 Meter, deemno, wou ech grad sinn. Frësch starten hëlleft näischt an deem Fall. Dat hat ech soss net (esou oft) an et kann uerg nerven, wann den Empfang sech net innerhalb Minutte bessert, da sicht ee guer näischt esou laang. Kennt een dee Phänomen?


Hello,

Mäin 60CSx huet mer a läschter Zäit e puer mol genau déi selwecht Problemer gemaach. Am schlëmmsten war et beim GC233NN (Black Panther), wou en gudd 20 Minuten gebrauch huet, fir vun enger Prezisioun vun ca. 50 Meter op eng normal vun ënner 10 ze kommen. Mir wollten deen Cache schon vergiessen an einfach nëmmen spazéieren goen, well mat 50 Meter brauchs de scho bal eng Honnertschaft Zaldoten fir en WP ze fannen...

Bis dann,

Carlo
Nach oben
arturo45
Big Cacher


Anmeldungsdatum: 13.08.2007
Beiträge: 26
Wohnort: Biwisch

BeitragVerfasst am: 23 Aug 2010 7:58    Titel: Antworten mit Zitat

Fléikëscht hat folgendes geschrieben:
Hm, u sech sollen dach keng Cachen bei Eisebunnslinne leien? A sou, et war an Italien, jo dann....


Neen , daat hei war zu Elwen (

GC1P6JC "remains of a mill" teschent Elwen a 5fontaines ) do ass de cache 50 m Loftlinn vun der Bunn ewech

Thierry , hues schon de cache op der Siddeschlay gemeet ? Et wonnert mech dat do nach keen Hollaenner erofgefall ass ...

Laughing

Artie
Nach oben
Fléikëscht
Geomaster


Anmeldungsdatum: 02.08.2007
Beiträge: 642
Wohnort: Latzbuerg

luxembourg.gif
BeitragVerfasst am: 03 Sep 2010 12:41    Titel: Antworten mit Zitat

rouegelo hat folgendes geschrieben:
Fléikëscht hat folgendes geschrieben:
Allerdéngs huet mäin CSx heiansdo och komesch Empfangsproblemer, wou ech mer nach ëmmer net sécher sinn, ob et u mengem Gerät läit oder un der jeeweilger Plaz an de Satelitte-Positiounen. Dat geschitt eigentlech just beim neien Aschalten, da peegelt e sech bei enger Präzisioun vu ronn 45 Meter an, ouni dat nennenswert ze verbesseren. Dat kann 30 Sekonnen daueren oder och emol eng hallef Stonn, op eemol steigt et dann op circa 20 Meter a kuerz duerno op normal Werter vu 5 bis 9 Meter, deemno, wou ech grad sinn. Frësch starten hëlleft näischt an deem Fall. Dat hat ech soss net (esou oft) an et kann uerg nerven, wann den Empfang sech net innerhalb Minutte bessert, da sicht ee guer näischt esou laang. Kennt een dee Phänomen?


Hello,

Mäin 60CSx huet mer a läschter Zäit e puer mol genau déi selwecht Problemer gemaach. Am schlëmmsten war et beim GC233NN (Black Panther), wou en gudd 20 Minuten gebrauch huet, fir vun enger Prezisioun vun ca. 50 Meter op eng normal vun ënner 10 ze kommen. Mir wollten deen Cache schon vergiessen an einfach nëmmen spazéieren goen, well mat 50 Meter brauchs de scho bal eng Honnertschaft Zaldoten fir en WP ze fannen...

Bis dann,

Carlo


Interessant, da läit jo emol net drun, dass ech deen aarme GPS leschte Kéier viu Roserei einfach an den Auto geschmass hunn, deen en awer och net wollt a mer en zréck op den Asphalt geschleidert huet... Rolling Eyes

Falls aner Leit mat aner Geräter et net hunn, läit et vläicht einfach um 60CSx u sech, well en ëmmer sou ultrapräzis ass, gläicht en dat vläicht gär heiansdo mat esou eppes aus?

Mat 50 Meter brauchs de effektiv net unzefänken, well, dass de WP iergendwou am Bësch läit, dat weess een u sech och ouni GPS...

Thierry

_________________
Ouni Diskussioun komme mer jo net weider!!!
Nach oben
tomolobla
Geocacher


Anmeldungsdatum: 27.08.2010
Beiträge: 19

luxembourg.gif
BeitragVerfasst am: 06 Sep 2010 16:59    Titel: Antworten mit Zitat

Ee Bekannte vu mier huet en HTC Desire(400€) mat Android an as ganz zefridden damat, d'GPS-Antenne geet, bei klorem Himmel(net am Besch), ganz genee. Grousse Problem vun allen Smartphones mat GPS as eben just dei schlecht Akkulaafzeit. Dei üblech Cachelescht an Navigatioun(och Topo-) Programmer sinn zimlech interessant.
Wier dee schwachen Akku net, hätt ech mier och scho sou eppes geleescht; PocketPC(2005) Handhabung as mettlerweil net mei sou ganz angenehm.

Ee Smartphone mat Windows Mobile géif ech lo net kaafen, mat deem neien Windows Mobile 7 deen dest Joer nach rauskennt, laafen dei momentan aktuell Programmer net mei. Bis do eppes vun brauchbaren Programmer kennt(wann iwwerhaapt) dauert nach laang.
Nach oben
pa79
Geomaster


Anmeldungsdatum: 16.05.2008
Beiträge: 76

luxembourg.gif
BeitragVerfasst am: 08 Sep 2010 15:03    Titel: Antworten mit Zitat

Ech hun och en HTC Desire an mat der neiester Android-Versioun (2.2) hällt den Akku ganz ordentlech. Wann ech soss Saachen wéi WiFi, Bluetooth an Datentransfer ausschalten, hällt den Handy eng 9-10 Stonnen mat permanentem GPS-Logging. An de GPS-Chip fannen ech immens. Am Bësch an am Auto hat ech bis ëlo nach ni Problemer an en ass séier. Oft huet ee schon no 10 Sekonnen d'Koordinaten, bei schlechtem Wiëder brauch en alt heiansdo mol 1 bis 2 Minutten, duerno geet ët awer.

Caching-Software fënnt een der nawell och vill drop. De Programm c:geo ass am Moment mäi Favorit. Fir en Trip ze loggen benotzen ech TrekBuddy.

_________________
pa79's Stats
Nach oben
Greyghost72
Geocacher


Anmeldungsdatum: 02.10.2010
Beiträge: 16

luxembourg.gif
BeitragVerfasst am: 05 Okt 2010 17:10    Titel: Antworten mit Zitat

Salut,

ech greifen dest Thema mol erem op....
Sin jo nei hei, an well mir och en GPS kaafen, mais dei üblech quälend Fro: Waat fir een soll et sin ?
Hun jo hei schon alles gelies, an hun och op anner Säiten gekuckt (wou op enger Säit stung, dass den Garmin 60Csx kuerz virum ausstierwen wär.)
Den huet mir awer gefall.
Also, är Hellef ass gefrott. Soll et en 60er, oder en Trex oder awer en Oregon gin.
Wien huet waat, an welch Erfahrungen domader gemach ?

Merci villmols am viraus
Nach oben
Fee1
Geoofficer


Anmeldungsdatum: 21.03.2008
Beiträge: 50

luxembourg.gif
BeitragVerfasst am: 06 Okt 2010 8:21    Titel: Antworten mit Zitat

Mein 1schten GPS war en 60 Csx. Mat deem war ech super zefridden, mee well ech awer immens gären en Touchscreen hun, sin ech op den Oregon emgeklommen an hun dat och nët bereid. D'Qualitéit vum Empfang as bei beiden gleich gudd. Den Oregon huet just méi en groussen Ecran, wat nëtzlech as, wanns de mat Topokaarten schaffs. Den 60 Csx gët ersaat durch den 62er. Voilà lo muss du just wëssen Touch oder nët Touch Rolling Eyes
Nach oben
Greyghost72
Geocacher


Anmeldungsdatum: 02.10.2010
Beiträge: 16

luxembourg.gif
BeitragVerfasst am: 06 Okt 2010 9:39    Titel: Antworten mit Zitat

Moien

@ Fee1:

Merci fir d'Info. Touchscreen ass net onbedengt en muss.
Ech kucken mech mol em
Nach oben
Fléikëscht
Geomaster


Anmeldungsdatum: 02.08.2007
Beiträge: 642
Wohnort: Latzbuerg

luxembourg.gif
BeitragVerfasst am: 06 Okt 2010 10:47    Titel: Antworten mit Zitat

Greyghost hat folgendes geschrieben:
Moien

@ Fee1:

Merci fir d'Info. Touchscreen ass net onbedengt en muss.
Ech kucken mech mol em


Hey Greyghost,

Du muss also ee vun de rare Mënschen op eisem Planéit (also an der räicher lëtzebuerger Cacheszene mengen ech...) sinn, dee keen iPhone huet?

Déi Dénger veruursachen nämlech deen Tick mam Daum, dee stänneg vu lénks no riets wëscht, esou bal een eppes rechteckeges am Grapp huet.

Ech sinn awer net alleng!!! Twisted Evil

Vill Spaass mat engem 60CSx,

Thierry

_________________
Ouni Diskussioun komme mer jo net weider!!!
Nach oben
Greyghost72
Geocacher


Anmeldungsdatum: 02.10.2010
Beiträge: 16

luxembourg.gif
BeitragVerfasst am: 06 Okt 2010 11:16    Titel: Antworten mit Zitat

[quote="Fléikëscht
Du muss also ee vun de rare Mënschen op eisem Planéit (also an der räicher lëtzebuerger Cacheszene mengen ech...) sinn, dee keen iPhone huet?

Ech sinn awer net alleng!!! Twisted Evil

Vill Spaass mat engem 60CSx,

Thierry[/quote]

Salut Thierry,

dach du bass alleng.... ech hun en iPhone Rolling Eyes . Sin en Mac Freak, an hun nemmen Apparater mam Appel doheem. Mais fir ze Cachen ass den iPhone net daat gielt vum Ee.
Dofir well ech keen TouchscreenGPS. Mat mengen Tatzen ass en andauernd um Botzen Smile .
Wahrscheinlech gett et en 62 er Razz

Vill Spass beim Sichen
Steve
Nach oben
Garfield1970
Big Cacher


Anmeldungsdatum: 02.05.2010
Beiträge: 23
Wohnort: Bascharage

luxembourg.gif
BeitragVerfasst am: 06 Okt 2010 15:55    Titel: Antworten mit Zitat

Moin all zesummen ,


Also ech muss soen , ech cachen zweespuereg Smile

Ugefaang huet et fierun Joeren mol eng Keier mat engem MIO A701 ( Windows Mobile ) ... E puer cachen font , mee Akkulaafzait ennert aller S** Sad

Dunn wengst Bestued , Kanner asw d'Cachen eng Zait un den Nol gehaang an dest Joer duerch Zoufall eigentlech rem ugefaang ..

Lo also mam HTC Desire , an C-GEO als Soft , haaptsächlech fier dei kuerz Cachen teschenduerch , also irgendwou sinn , oh komm mer kucken mol op hei eirens eppes lait a lass Smile Genau dofier ass dei Kombinatioun einfach super , mee d'Akkulaafzait kennt natierlech net un en normalen GPS erun ..

Hun mer och en Garmin ETREX Vista HCX zougeluet deen ech eischter benotzen fier dei länger Trip'en oder wann ech genau wees dat et an eng "Schlechtempfang" oder knaschteg Zone geet . Wann deen am Bulli lannt ass em net vill geschitt Smile

En Plus ass den Etrex jo zimlech Wasserdicht , well Cachen am Reen geif ech mengem Desire net undinn

Fazit , et bleiwt jidderengen sai Choix , 100% offline navigeiren kann een mat beiden , an jiddereen huet an sengem Beraich Fierdeeler

_________________
Garfield1970's Stats
Nach oben
Beiträge der letzten Zeit anzeigen:   
Neues Thema eröffnen   Neue Antwort erstellen   printer-friendly view    LGT Luxembourg Geocacher Talk Foren-Übersicht -> Ausrüstung, Marktplatz und alles zum Geld ausgeben Alle Zeiten sind GMT + 1 Stunde
Gehe zu Seite 1, 2  Weiter
Seite 1 von 2

 
Du kannst keine Beiträge in dieses Forum schreiben.
Du kannst auf Beiträge in diesem Forum nicht antworten.
Du kannst deine Beiträge in diesem Forum nicht bearbeiten.
Du kannst deine Beiträge in diesem Forum nicht löschen.
Du kannst an Umfragen in diesem Forum nicht mitmachen.
Du kannst Dateien in diesem Forum nicht posten
Du kannst Dateien in diesem Forum nicht herunterladen

Ähnliche Beiträge
Thema Autor Forum Antworten Verfasst am
Keine neuen Beiträge GPSmap 60 Csx oder etrex vista Hcx elvi_felor Ausrüstung, Marktplatz und alles zum Geld ausgeben 4 10 Okt 2007 10:08 Letzten Beitrag anzeigen