Diabelchen Geocacher
Anmeldungsdatum: 30.08.2010 Beiträge: 19 Wohnort: Eschdorf

|
Verfasst am: 06 Sep 2010 9:15 Titel: Ee schéine gudde Moien |
|
|
Ech sinn zwar nitt sou gespréicheg wéi den Tom (mai Respekt), mee ech maache mai Bescht...
Ech hunn d'Geocachen bewosst virun knapp 2 Wochen bei eis an der Kantin entdeckt (jo wierklech!). Do huet eng Aarbéchtskollegin dovu geschwat.
Ech war zwar scho virdrun duerch d'iPhone-App drop opmierksam ginn, mee sinn do awer nitt weider drop agaang.
Main 1. Cache hunn ech bei mir an der Géigend fonnt, dëss Woch wäert ech dann och main 20. fannen (hoffentlech). Main 1. Auslandcache war e Samsteg beim Movie Park zu Bottrop.
Am Moment benotzen ech just den iPhone mat der Geocacher-App. Déi stéisst allerdengs relativ séier un hier Grenzen, virun allem wéinst der Batterie an ech hunn och d'Gefill dass de GPS Empfänger vum iPhone nitt SOU präzis ass, vu mengem Papp sengem Garmin sinn ech op jidde Fall Besseres gewinnt. Dofir wäert ech mer wuel och op kuerz oder laang ee "richtege" GPS zouleën.
Voilà, weider weess ech lo naischt ze zielen a wënschen eech all ee "Lucky Caching"...
 |
|