| La famille des geocoins français s'agrandit! :: TB-Schlësselunhänger |
| Autor |
Nachricht |
deckelsmouken Big Cacher

Anmeldungsdatum: 27.06.2008 Beiträge: 33 Wohnort: Steinfort

|
Verfasst am: 07 Sep 2010 9:28 Titel: Et gëtt ëmmer besser... |
|
|
Eng vun eise Coins ass an engem Cache verschwonnen an an engem anere Cache als Kopie nees opgetaucht... et gët wierklech ëmmer besser. Wee klaut Coins a mécht och dann nach eng Copie dervun, déi iergendwou duerch Zoufall dann nees an engem anere Cache optaucht... Traureg!!! A schued datt een op deem do Wee seng Sammlung vu Coins muss erweideren...  |
|
| Nach oben |
|
 |
.:[B@n]:. Site Admin
Anmeldungsdatum: 02.08.2007 Beiträge: 902 Wohnort: Jonglenster

|
Verfasst am: 07 Sep 2010 10:57 Titel: |
|
|
Kuck mol op vleit an engem kuerzen Zeitraum dee selwechte Cacher dee Cache gemaach huet. Vleit fenns de dann evtl. de "Schellegen": _________________ .:[B@n]:.
LGT-Forum Admin
www.geocache.lu |
|
| Nach oben |
|
 |
deckelsmouken Big Cacher

Anmeldungsdatum: 27.06.2008 Beiträge: 33 Wohnort: Steinfort

|
Verfasst am: 07 Sep 2010 20:22 Titel: |
|
|
Sou wäit ware mer schonn Eis Coin ass och net déi eenzegt, déi verschwonn ass an all Kopie nees opgetaucht ass. Et sinn anscheinend e puer ganz Cache geraumt ginn. A selbstverständlech huet deejeinegen net geloggt... et huet keen ee vun deene Cacher, deen de Cache gemat huet an där d'Coin loung, deen zweete Cache duerno geloggt. Do ass iergendee ganz clever a gezielt um Wierk an dat ass zimlech aarmséileg, fannen ech. |
|
| Nach oben |
|
 |
Calysale Ich antworte auf alles
Anmeldungsdatum: 09.09.2010 Beiträge: 3

|
Verfasst am: 10 Sep 2010 12:32 Titel: |
|
|
Salut,
Ech selwer krutt bis elo nach keen Coin geklaut (dei sin all am Ausland enerwee) mee krutt awer schon 7 GC/TB aus mengen Cachen geklaut, an geschter hun ech 4 GC gerett an hun eng plastifizeiert Coin fonnt dei am Luxgrulli ageloggt war.
Also main fazit zu dem ganzen ass ganz einfach, et ass mat secherheet en erfuerenen Cacher spriech Premium Member, den dei eenzel Cachen schon gemach huet an, an mengen aan op revange aus ass fierwat och emmer keen ahnung.
Fier do een ze fannen wärt schweier gin, well hien wärt jo och enner engem anneren usernumm sech op Geocaching.com anloggen an net ennert sengen aalen numm...
Dass dei plastifizeiert Coin's duerch ZOUFALL an enger annerer optrieden glewen ech net, well hien aus der Cache X den Coin A mathelt an dann den Coin A plastifizeiert den en dann mat an Cache Y helt an fun do aus den Coin B mathelt answ answ
Mee eent ass secher frei oder speider get en erwescht an dann hängt en mat den we..
Calysale |
|
| Nach oben |
|
 |
pa79 Geomaster

Anmeldungsdatum: 16.05.2008 Beiträge: 76

|
Verfasst am: 10 Sep 2010 13:41 Titel: |
|
|
Wat ech net verstinn: Wien mécht sech dann all di Méih fir ë Coin aus Plastik nozemaachen? Wir ët net mi einfach, just ze klauen? Ass jo sou oder sou kriminell. _________________
 |
|
| Nach oben |
|
 |
tomolobla Geocacher
Anmeldungsdatum: 27.08.2010 Beiträge: 19

|
Verfasst am: 10 Sep 2010 14:07 Titel: |
|
|
Ech méngen do fällt eis dach all eng gewesse Persoun an, nee?  _________________
 |
|
| Nach oben |
|
 |
deckelsmouken Big Cacher

Anmeldungsdatum: 27.06.2008 Beiträge: 33 Wohnort: Steinfort

|
Verfasst am: 10 Sep 2010 15:54 Titel: |
|
|
@Calysale:
E loggt a mengen Ae guer net. Ech hunn déi an eisem Fall zwee betraffe Cachen verglach an et si just 3 Cacher, déi déi zwee Cache gemat hunn. Allerdengs hu se deen 2. Cache, an deem déi plastifizéiert Coin lo opgetaucht ass, schonn e Joer gemat ier eis Coin an deen anere Cache geluecht hunn.
Ausserdeem trauen ech deenen 3 dat wierklech net zou.
A Revanche... ?!? Bon... an eisem Fall handelt et sech effektiv em zwou Cache vun deem selwechten Owner, an dee mengt och et wier eng Aart Revanche, mee hei si jo awer en etlech Leit "geschiedegt"; net just de Cacheowner, mee all déi, deenen hir Coin verschwannen.
Et gi jo wuel Differenzen an der Cacherszene, mee ob awer do een sech et soll mat all Mënsch ugeluecht hunn... ech bezweifelen et.
A mengen Aen ass et iergendsou een aarme Geescht, dee Coins sammelt a gehofft huet, datt seng Aktioun op deem do Wee net sou séier opfällt. Mee ech hoffen och, datt en iergendwann opflitt... |