| Vehicle TB :: Hëllef bei engem TB - Destinatioun China |
| Autor |
Nachricht |
Diabelchen Geocacher
Anmeldungsdatum: 30.08.2010 Beiträge: 19 Wohnort: Eschdorf

|
Verfasst am: 25 Sep 2010 15:28 Titel: Retired Owner |
|
|
Moien,
Ech hunn ee GC fonnt wou den Owner sait 2007 kee Geocaching méi mécht (steet sou a sengem Profil). Wat mécht ee mat sou engem GC? Schéckt een e weider oder kann een en och halen?
Merci fir d'Hëllef, _________________ Marnie
 |
|
| Nach oben |
|
 |
.:[B@n]:. Site Admin
Anmeldungsdatum: 02.08.2007 Beiträge: 902 Wohnort: Jonglenster

|
Verfasst am: 25 Sep 2010 21:01 Titel: |
|
|
Dee scheckt een wei gewunnt weider  _________________ .:[B@n]:.
LGT-Forum Admin
www.geocache.lu |
|
| Nach oben |
|
 |
Diabelchen Geocacher
Anmeldungsdatum: 30.08.2010 Beiträge: 19 Wohnort: Eschdorf

|
Verfasst am: 26 Sep 2010 0:05 Titel: |
|
|
An der Rei, ech sichen him ee schéine Cache.
Merci fir d'Info, _________________ Marnie
 |
|
| Nach oben |
|
 |
Fléikëscht Geomaster

Anmeldungsdatum: 02.08.2007 Beiträge: 642 Wohnort: Latzbuerg

|
Verfasst am: 26 Sep 2010 14:41 Titel: |
|
|
Ech gi jo staark dervun aus, dass dat e klenge Geck war...
Et kéint een d'Fro och esou stellen : Wann ech mengen, iergend ee bräicht eppes net méi, kann ech him et da klauen?
Falls de dee Coin solls wëllen hunn, kanns de jo den Owner emol froen, vläicht schenkt hien der e jo? Keng Aentwert vun him heescht an deem Fall natierlech dass de Coin weider op senger Missioun ass.
Vill Spaass nach, a maacht, dass et och Spaass bleiwt!
Thierry _________________ Ouni Diskussioun komme mer jo net weider!!! |
|
| Nach oben |
|
 |
Diabelchen Geocacher
Anmeldungsdatum: 30.08.2010 Beiträge: 19 Wohnort: Eschdorf

|
Verfasst am: 26 Sep 2010 16:16 Titel: |
|
|
| Fléikëscht hat folgendes geschrieben: | Et kéint een d'Fro och esou stellen : Wann ech mengen, iergend ee bräicht eppes net méi, kann ech him et da klauen?
|
Thierry,
D'Fro war awer nitt sou gestallt! Wat ech wollt wëssen war op déi GCë sollen am Circuit drableiwen oder nitt. Op déi Fro hunn ech och ee puer ganz einfach Äntwerten ouni Uschëllegunge kritt.
Ech hunn am Fong gemengt de Forum wier do dass ee kann eng Fro stelle wann een sech nitt sécher mat eppes ass. _________________ Marnie
 |
|
| Nach oben |
|
 |
Garfield1970 Big Cacher
Anmeldungsdatum: 02.05.2010 Beiträge: 23 Wohnort: Bascharage

|
Verfasst am: 29 Sep 2010 11:54 Titel: |
|
|
Na Na Na , lo net streiden hei
D'Froo wor bestemmt net beis gemengt , ech geif op jidden Fall soen dass ech en och ging weider-reesen loosen . Et kinnt jo och sinn dat den Owner , och wann en selwer net mei cacht, awer nach vun Zait zu Zait kucken waat seng trackables sou maachen ?
Fier mech ass en Forum och genau dofier doo Froen stellen , diskuteiren an hellefen .... an ech sinn mengen du duerfs dem Thierry seng Äntwert och net als Accusatioun gesinn , en wollt et vlait just e bessi mei krass eremginn fier seng Meengung ze verdaitlechen
Also , weider Froen stellen , an weider äntwerten , an vierun allem .....
Gemeinsam Spass un eisem Hobby hun ouni eis ze zermaulen  _________________
 |
|
| Nach oben |
|
 |
Garfield1970 Big Cacher
Anmeldungsdatum: 02.05.2010 Beiträge: 23 Wohnort: Bascharage

|
Verfasst am: 29 Sep 2010 12:06 Titel: |
|
|
Himmel nondi K..... , lo haat ech mer dat tatsaechlech duer en dommen Copy-Paste meng Signatur verbockt
Tjo , die Tücken der Technik  _________________
 |
|
| Nach oben |
|
 |
Diabelchen Geocacher
Anmeldungsdatum: 30.08.2010 Beiträge: 19 Wohnort: Eschdorf

|
Verfasst am: 29 Sep 2010 13:01 Titel: |
|
|
Mir streiden dach nitt - mir diskutéiren
De GC em deen ët geet ass iwwregens rem ënnerwee op senger Rees
An ech gi mol dovun aus dass den Thierry och nitt alles sou op déi gëlle Wo leet, ech maachen dat och nitt. _________________ Marnie
 |
|
| Nach oben |
|
 |
Fléikëscht Geomaster

Anmeldungsdatum: 02.08.2007 Beiträge: 642 Wohnort: Latzbuerg

|
Verfasst am: 30 Sep 2010 9:03 Titel: |
|
|
Effektiv, ech neigen derzou, mat krasse Wieder meng Thesen esou eriwer ze bréngen, dass de Sënn direkt verstane gëtt.
D'Fro ass natierlech berechtegt gewiecht, kee Problem domat, ech wollt bestëmmt keen accuséieren hei, just däitlech maachen, dass et sech em Klaue géiw handelen, wann een esou eng Coin einfach hale géiw.
Duerch iergendwelch Emstänn denkt een heiansdo komesch, dat ass jidderengem scho geschitt, mier natierlech och, da freet een no, ier een eppes Falsches mécht an alles bleiwt gutt!  _________________ Ouni Diskussioun komme mer jo net weider!!! |
|
| Nach oben |
|
 |
|
|