| Neues Geocaching Magazin :: GPSr? |
| Autor |
Nachricht |
cevise Geocacher
Anmeldungsdatum: 05.05.2009 Beiträge: 12

|
Verfasst am: 22 Nov 2010 20:01 Titel: Premium Member |
|
|
Moien alleguer.An der Läscht kommen hei am Ländchen emmer mei Cachen eraus,dei nemmen fir Premium Members sin.Ech fannen daat e bessi schued,daat steiert sou an Richtung 2 -Klassen-Gesellschaft hin,oder net?Oder get et ee n speziellen Grond,firwaat dei Cachen fir Otto-Normal-Cacher net zougänglech sin?Merci mol fir är Aentwerten . |
|
| Nach oben |
|
 |
musikus Big Cacher

Anmeldungsdatum: 10.09.2008 Beiträge: 37 Wohnort: Lintgen

|
Verfasst am: 22 Nov 2010 21:35 Titel: |
|
|
Souvill ech wees ass de Grond dovunner deen, dass dest Joer d'Phänomen opkommt ass, dassen Leit Cachen geplemmt hunn fier Coinen etc ze zoppen an duerch Kopien z'ersetzen. Fier dann secher ze goen dass et sech em een Geocacher handelt, deen d'Cache wäerend dem offiziellen "Spill" fennt, hunn verschidden Owneren beschloss nemmen nach Cachen ze veröffentlechen, déi fier Premium Memberen geduecht sinn ... also Geocacheren déi desem Hobby voll noginn. Et ass secherlech net beabsichtegt, eng 2-Klassengesellschaft ze grennen. Ob daat elo helleft fier dassen engem séng Cachen net mi gemuggeld ginn .... daat ass net garantiéiert mae et ass secher net vun béiser Absicht.
U sech roden ech jidderengem, deen Spass vum Geocaching fonnt hued an deen regelmässeg on Tour ass, all Joer e puer Euroen un Groundspeak fier hieren Internetsite ze spenden. Dann ass een nämlech Premium Member an et kann een all Cache maachen  _________________
 |
|
| Nach oben |
|
 |
pa79 Geomaster

Anmeldungsdatum: 16.05.2008 Beiträge: 76

|
Verfasst am: 22 Nov 2010 22:15 Titel: |
|
|
Ech fannen ët zwar och ë besse schued a liicht asozial, verschidde Cachen just "Elite"-Geocacheren zur Verfügung ze stellen. Ech fannen ët net an der Reih, forcéiert mussen ze gin, eppes ze bezuelen, just fir kënnen ee Cache ze maachen.
Ech hätt kee Problem, geocaching.com eng Spend zou ze féieren, mee ech bezuelen näischt fir ë Premium-Account wéll ët soss en Zwang gëtt regelméisseg Cachen sichen zë goen (wéll ee jo duerfir bezillt) an dann ass ët fir mëch kee Spaass méi. Ët nervt mëch just all Kéiers, wann ech rem frouh op ë Cache klicken an dann éischt miërken, datt ët rem ë VIP-Cache ass. _________________
 |
|
| Nach oben |
|
 |
Garfield1970 Big Cacher
Anmeldungsdatum: 02.05.2010 Beiträge: 23 Wohnort: Bascharage

|
Verfasst am: 23 Nov 2010 11:34 Titel: |
|
|
Naja , esou eng gesinn ech dat net ..
Ech sinn premium Member, an Cachen ass dofier fier mech awer nach keen Zwang ginn . Fier mech geet meng Famill nach emmer fier, an ech cachen deels mat der Famill, oder alleng / mat Kollegen wann d' Zait et erlaabt ( An dat ass mat 3 jähregen Drillingen net sou wahnsinneg oft )
ech hun och d' Premium Membership net kaaft fier e besseren Cacher ze sinn oder enger "Elite" unzegeheiren , mee eischter aus folgenden Grenn :
- Fonktionaliteit di derbai kennt ( Pocket queries haaptsaechlech )
- Ennerstetzen vum Site selwer well ech en gudd fannen
Ech cachen doduerch net mei an net manner , woor eben einfach der Meenung dass dei 30 Euronen guud investeiert wieren , an krups gin ech doduerch nett
Claude _________________
 |
|
| Nach oben |
|
 |
cevise Geocacher
Anmeldungsdatum: 05.05.2009 Beiträge: 12

|
Verfasst am: 23 Nov 2010 16:46 Titel: |
|
|
| Merci fir är Äntwerten.Vleit erklärt daat do och,wisou vill Cachen hei am Land keen TB oder Coin mei hun,dei wärten dann wuehl eischter an deenen leien,dei fir Premium Members sin?Mais ech kann daat Argument net richteg no vollzeihen,dass et drems geet dass keng Coinen etc sollen gezoppt gin.Domat gin Basic Members jo awer e bessi diskrimineiert!Dass een fir mei Dingschter eppes mei bezillt haalen ech jo nach gud.Daat wiir fir mech och deen enzegen Grond fir Premium Member ze gin.Bis elo gin ech zwar nach gud mat deenen Meiglechkeeten eenz,dei ech als Basic Member hun.Ech färten just,dass dei Cachen nemmen fir Premium Members emmer mei opkommen,an dass Basic Members dann eben d Nokucken hun.... |
|
| Nach oben |
|
 |
.:[B@n]:. Site Admin
Anmeldungsdatum: 02.08.2007 Beiträge: 902 Wohnort: Jonglenster

|
Verfasst am: 23 Nov 2010 19:31 Titel: |
|
|
Als net PM-Cacher kann een trotzdem PM-Cachen loggen  _________________ .:[B@n]:.
LGT-Forum Admin
www.geocache.lu |
|
| Nach oben |
|
 |
musikus Big Cacher

Anmeldungsdatum: 10.09.2008 Beiträge: 37 Wohnort: Lintgen

|
Verfasst am: 24 Nov 2010 0:10 Titel: |
|
|
All méng eegen Cachen sinn och fier net Premium-Memberen ze maachen
Ech wees ower vun verschidde Geocacher dassen se de Choix gemaach hunn fier all hier Cachen nemmen fier Premium Memberen zougänglech ze maachen well é Groussdeel vun hiere Cachen besicht goufen vun TB an GC-Liebhaber déi net Geocacher woren. Eng Frustreaktioun ... ? Ob daat eppes bréngt ? All Owner kann do maachen wéi hien denkt. Et ginn ower nach eng Mass Cachen am Land déi een als einfachen Member maachen kann. An é klenge Don fier dass mer och weiderhin eisem Hobby nogoen kennen, an deems mer pro Joer e puer Euroen spenden fier dass de Geocaching-Site weider besteet, ass emmer erwenscht . Dese Site leeft secher net nemmen op engem eegenen Server ... an Hardware ass deier ...
Happy Caching  _________________
 |
|
| Nach oben |
|
 |
Garfield1970 Big Cacher
Anmeldungsdatum: 02.05.2010 Beiträge: 23 Wohnort: Bascharage

|
Verfasst am: 24 Nov 2010 9:32 Titel: |
|
|
Also meng Cachen , wann ech dann am Freijoer naier maachen , bleiwen fier jiddereen op , mee do mecht jiddereen wei en denkt
Ech bleiwen awer weiderhin Premium Member , mee dat ass eng Astellungssaach genau wei de Fait dat een eng Shareware dei een netzlech fennt rouheg ka kaafen oder fier eng Top Freeware och kenn en Don machen Och wann et den Geocaching an desem Fall e bessi komerziell mecht , ass d'"Value for Money" fier mech ok ....
Duerch d' Premium Cachen aleng kreie mer d'GC gezopps net an de Greff, well och wann aus deenen vlait naischt geklaut gett , GC'en an TB'en wanderen , an da gi se vlait e bessi mei speit an enger aanerer geholl ....
Wann mer dei Persoun(en?) net "sur le fait" erweschen get et schwiereg
Claude _________________
 |
|
| Nach oben |
|
 |
Dale Cooper Ich antworte auf alles
Anmeldungsdatum: 30.09.2010 Beiträge: 4 Wohnort: Twin Peaks

|
Verfasst am: 24 Nov 2010 16:55 Titel: |
|
|
| Fir op déi éischt Fro zréck ze kommen, et gëtt ee Grond. D'Premium Cache sinn agefouert ginn fir dass Owner, déi eng opwenneg Cache geluecht hunn, vill Zäit a Geld dran investéiert hunn, dës kennen schützen. Schützen a) virun zevill Undrang zB wann se op enger sensibeler Plaz läit déi net vill Traffik verdréit b) virun Ufängerfeeler vun ze wéineg erfuerene Cacher. Et ginn awer nach weider Grënn wéinst deenen ech Premium-Cachen eng gudd Saach fannen, wann se dann justifiéiert ass. E bëssen hëlleft et bestëmmt géint Coin-Déiwen an Anti-Cacher. Dovun ofgesinn gëtt et bei wäit iwwer 1000 Cachen hei am Land bestëmmt fir jiddereen genuch ze din. A wann een eng Kéier souwäit ass an d'Cachen a senger Géigend rar ginn, ech mengen dann ass een dem Hobby och genuch verfall fir sech kennen en Premium-Account ze leeschten. Sou deier ass et nu wierklech net, wann een d'Praisser vun de GPS an soss Material bedenkt an all dee Bensin deen ee verrennt. Ausserdeem bezilt een jo an éischter Hisiicht fir déi erweidert Funktiounen. Allerdings gesinn ech och effektiv keen Sënn dran fir eng Leitplanke-Cache als Premium ze markéieren. |
|
| Nach oben |
|
 |
Emma vom Blutacker Big Cacher
Anmeldungsdatum: 30.12.2007 Beiträge: 49 Wohnort: Hostert/Rambrouch

|
Verfasst am: 29 Nov 2010 22:02 Titel: |
|
|
Ech wëll just bemirken dass een kee Cache 'bezillt' mee et ennerstetzt een déi benevol Mataarbechter vun Groundspeak an dann huet een jo och nach aaner Viirdeeler wéi zB e 'Premiumcache' kennen zemaan, well éierlech gesoot firwaat huet een zB een deieren Oregon wann een keen Query eroflued resp. de Hint mol net mat op de GPS gelueden kritt . Dann wëll ech nach bemirken dass déi 'Jongen' vun Groundspeak wirklech Respekt verdenkt hun well een Deel vun de Suen spenden se souguer weider un verschidden Organisatiounen an daat fannen ech perséinlech ganz gutt!
Mein 'Premiumcache' ass zB och fiir daat zeennerstetzen - well waat mecht een net alles fir eng Dous Déi Suen sin a mengen Aaen gutt investéiert.
LG Tessy vun Emma vom Blutacker |
|
| Nach oben |
|
 |
cevise Geocacher
Anmeldungsdatum: 05.05.2009 Beiträge: 12

|
Verfasst am: 03 Dez 2010 20:58 Titel: |
|
|
| Ech soen iech mol all merci fir är Aentwerten,dei op jidde Fall mol Erklärungen brengen.Wann PM Cachen sech an Grenzen haalen,bleiwen mir dann mol nach Basic Member.Weinegstens fir de Moment.Well mer awer mat Kollegen cachen gin,dei Premium Member sin ,weisst ech awer gär,wei een dei dann kann loggen? |
|
| Nach oben |
|
 |
|
|