LGT Luxembourg Geocacher Talk

LGT Luxembourg Geocacher Talk

Geocacher-Forum fir Lëtzebuerg

 FAQFAQ   SuchenSuchen   MitgliederlisteMitgliederliste   BenutzergruppenBenutzergruppen   RegistrierenRegistrieren 
 ProfilProfil   Einloggen, um private Nachrichten zu lesenEinloggen, um private Nachrichten zu lesen   LoginLogin 

Lux Osten a Westen


 
Neues Thema eröffnen   Neue Antwort erstellen   printer-friendly view    LGT Luxembourg Geocacher Talk Foren-Übersicht -> Fragen, Bitten und Reklamationen
1 Team, 2 Logins? :: Bichereck  
Autor Nachricht
elvi_felor
Big Cacher


Anmeldungsdatum: 02.08.2007
Beiträge: 39
Wohnort: Altrier

BeitragVerfasst am: 17 Aug 2007 17:19    Titel: Lux Osten a Westen Antworten mit Zitat

Salut

Ech hu mer d'Fro gestallt op den Westen an den Osten vun eisem Ländchen zum Zentrum geheieren. An dem Fall wär bspw. alles wat laanscht d'Sauer un der Grenz zu Daitschland leit Zentrum. Oder besteht hei d'Meiglechkeet och eng Rubrik Osten opzeman, wou dann de Westen als Glaichgewiicht misst ebenfalls derbei kommen.

Do stellt sech dann d'Fro wou hält den Zentrum op, a wou fänkt den Osten an de Westen un. Ma dei stellt sech jo schon bei Norden, Zentrum a Süden.

Bon, vir mech wär et eng Meiglechkeet, muss awer net sin vir net zevill Rubriken ze man, op wuel en jo als Geocacher an Himmelsrichtungsangaben eng Vereinfachung vun der Orientatioun misst gesin.

An dem Fall wou et keng Rubrik Osten get, geing ech dann meng Fro zu enger Cache di am Osten leit an d'Rubrik Zentrum setzen Laughing

Marc
Nach oben
Fléikëscht
Geomaster


Anmeldungsdatum: 02.08.2007
Beiträge: 642
Wohnort: Latzbuerg

luxembourg.gif
BeitragVerfasst am: 17 Aug 2007 17:34    Titel: Antworten mit Zitat

D'Politik huet dat Ganzt jo e bëssche komesch definéiert, mee mier maachen hei jo keng Politik, mee Geocaching.

Himmelrichtunge kënne fir mech ëmmer nëmme vun engem Pubkt ausgoen, an dat ass deen, wou ee grad steet. Solle mer dann net einfach dee Begrëff "Zentrum" ewegloossen, an dorauser "Stad" maachen, woumat Lëtzebuerg-Stad gemengt ass (a fro elo keen, wéi wäit dat geet, dat ass relativ). Dann hu mer e Punkt vun deem aus mer d'Himmelsrichtungen definéiere kënnen. Question

Esou wiere mier zu Miersch endlech am Norden, wou ech mech besser spieren ewéi am Zentrum! Cool

Falls ee Problemer mat Himmelrichtungen huet, esou roden ech de Cache "Four Windows" vum Faxenmacher un! Wink

Greets,

Thierry
Nach oben
elvi_felor
Big Cacher


Anmeldungsdatum: 02.08.2007
Beiträge: 39
Wohnort: Altrier

BeitragVerfasst am: 17 Aug 2007 18:00    Titel: Antworten mit Zitat

Also Miersch geing ech jo och nach ganz kloer Very Happy zum Zentrum zielen. Wanns du mer elo geings soen datt den Norden nördlech vun der Nordstad ufänkt, waer ech eischter d'Accord.

Mir kennen awer och d'Kaart vun der Landes- bzw. Regionalplanung huelen. Do ass ganz kloer defineiert wei eng Gemeng a wei enger Regioun leit. Do hätte mer dann:
- Regioun Norden
- Regioun Zentrum-Norden
- Regioun Westen
- Regioun Osten
- Regioun Zentrum-Süden
- Regioun Süden

Da musste just nach kucken a wei enger Gemeng di Geocache leit, an dann hues du deng Regioun Laughing

Ok Spaass bei Sait.

Ech geing bspw. alles wat östlech vun Jonglenster leit als Osten bezeeschnen. Bei Jonglenster selwer sin ech mer net esou secher op Zentrum oder Osten, et ass jo och eng grouss Gemeng Surprised.

Ma di Saach mat der Politik. Ech wees mol net genee wou do Grenzen verlaafen.

Mir hun jo och nach Kantonen an Distrikter. Ok et kann en et och komplizeiert man.

Am Prinzip wollt ech just en Thema zu enger Cache di un der östlecher Grenz bei der Sauer leit opman.
Nach oben
Fléikëscht
Geomaster


Anmeldungsdatum: 02.08.2007
Beiträge: 642
Wohnort: Latzbuerg

luxembourg.gif
BeitragVerfasst am: 17 Aug 2007 18:36    Titel: Antworten mit Zitat

Alt nëmme gutt, dass mer esou e klengt Land sinn, soss géif et nach komplizéiert ginn. Ech hat jo och vergiess, dass et nach Nord-Osten, Nord-Westen, Süd-Westen a Süd-Osten gëtt...

Komm mer maachen Zentrum, Norden, Süden, Westen an Osten an iwwerloossen et deem, deen ufänkt iwwer e Cache ze schreien, wou en dann elo läit. Ech setze mäin zu Miersch dann och an en Zentrum!

Greets,

Thierry
Nach oben
elvi_felor
Big Cacher


Anmeldungsdatum: 02.08.2007
Beiträge: 39
Wohnort: Altrier

BeitragVerfasst am: 17 Aug 2007 18:38    Titel: Antworten mit Zitat

Domatten waer ech d'Accord.

Scheinen Weekend

Marc
Nach oben
Beiträge der letzten Zeit anzeigen:   
Neues Thema eröffnen   Neue Antwort erstellen   printer-friendly view    LGT Luxembourg Geocacher Talk Foren-Übersicht -> Fragen, Bitten und Reklamationen Alle Zeiten sind GMT + 1 Stunde
Seite 1 von 1

 
Du kannst keine Beiträge in dieses Forum schreiben.
Du kannst auf Beiträge in diesem Forum nicht antworten.
Du kannst deine Beiträge in diesem Forum nicht bearbeiten.
Du kannst deine Beiträge in diesem Forum nicht löschen.
Du kannst an Umfragen in diesem Forum nicht mitmachen.
Du kannst Dateien in diesem Forum nicht posten
Du kannst Dateien in diesem Forum nicht herunterladen